Welpenschoul:     France an Gaby

 

Dir errescht eis Welpenschoul iwert

email: HSVWolz"@"yahoo.de oder den Kontaktformular vun der HP oder Gaby 621 248 268

 

An der Welpenschoul geet ett haaptsächlech dröm dass Welpen kennen matt gläichalteregen Muppenkollegen spillen, am spillen gett awer och schons bessi geléiert, an sie kréien verschidden Situatiounen gewiesen dass déi nett fiir ze färten sinn ;-) Welpenschoul ass am spilleregen eng Virbereedung op den Gehorsamscours.

 

Gehorsamscours  Laurence ( greterl@pt.lu ) am Grupp

 

oder

 

Privat Stonnen  vun Abrell bis Oktober mam Bram ( 621 388 039 ) E-Mail : bvhilten@pt.lu just

 

 

 

An eisen Gehorsamscours'en sinn keng Zwingerhalsbänner erlaabt !

 

 

Dir kritt an desen Cours'en een Basis Wössen vermettelt wéi dir matt ärem Mupp an verschiddenen Situatioun am Alldaag eenz gidd.

 

Agility

 

Waat ass Agility:

 

Als alleréischt soll Agility Spass sinn fiir den Mupp an sain Meeschter ;-)

 

Deen Meeschter féiert säin Mupp iwert een Parcours vun bis zu 20 verschidden Hindernisser, desen muss an der numereierter Reihenfolleg an schnellstméiglech ouni Fehler gelaaf ginn. Ett ginn 2 verschidden Leef, een A-Parcours an een Jumping Parcours. Den Ennerscheed ass dass een am A-Parcours Geräter dran huet déi Kontaktzonen heeschen ( eng Wipp, eng A-Wand, een Steg ). Op denen Kontaktzonen ginn ett virgeschriewen Zonen déi den Mupp muss matt sengen Patten beréiren.

 

Agility an Jumping sinn an 4 Klassen angedeelt ( S - M - L - A&M ) déi Gréisst vum Mupp definiéieren an wéi héisch Hürden um Parcours stinn, A&M ass Alters und Molloser-Klasse, do starten Muppen am Alter ab 6 Joer. Dann ginn ett och 3 Leeschtungsklassen ( 1 - 2 - 3 ). Als Unfänger fänkt een am 1 un an steigt een an déi näichst Katégorie no 3 Null-Fehler Leef z.b. an dann kann een nach selwer decidéieren op een schon wöll an däre näichster Katégorie starten oder nach wöll waarden.

Flyball

 

Waat ass Flyball:

 

Flyball ass eng Beschäftegungsméiglechkeet fiir een Mupp deen gären schafft an dobäi een Balljunkie ass. Den Mupp muss iwert 4 Hürden laafen, an dann zum Schluss matt den Patten op eng Maschine ( Flyballbox ) treppelen wou dann een Tennisball raussprengt. Desen gett dann vum Hond gefangen, an hien leeft den Wee zereck iwert Hürden bei sain Meeschter.

 

Fiir wien ass Flyball:

 

Beim Flyball kann all Hond mattmachen egal wéi eng Gréisst,Rass oder Schnellegkeet, ett geet einfach nömmen drömm dass den Mupp deen gären matt Bäll spillt Spass huet.